Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng
Traditioun um Wee no vir
Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.
Nächst Evenementer
- 18/07/2026
- Plooschterprojet TrailPlooschterprojet TrailTime: 10:30
CAB Belvaux
- Plooschterprojet TrailPlooschterprojet TrailTime: 10:30
- 19/07/2026
- Ettelbrécker StadlafEttelbrécker StadlafTime: 09:00
Stade Am Deich, Ettelbruck
- Ettelbrécker StadlafEttelbrécker StadlafTime: 09:00
- 25/07/2026
- Championnats NationauxChampionnats NationauxTime: 14:00
Stade Op Flohr, Grevenmacher
- Championnats NationauxChampionnats NationauxTime: 14:00
- 26/07/2026
- Championnats NationauxChampionnats NationauxTime: 14:00
Stade Op Flohr, Grevenmacher
- Championnats NationauxChampionnats NationauxTime: 14:00
- 01/08/2026
- Lafmeeting a Memorial Benny MichelLafmeeting a Memorial Benny MichelTime: 14:00
Rue Joseph Merten, Diekirch
- Lafmeeting a Memorial Benny MichelLafmeeting a Memorial Benny MichelTime: 14:00
Iwwer eise Club
Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.
Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.
Fir d’éischt säit 2019 huet den CAD dëse Weekend nees eng Coupe gewonnen… an fir d’éischt iwwerhaapt an der Veräinsgeschicht ass et d’Härenekipp déi d’Coupe d’Athlétisme du Luxembourg (déi fréier Coupe du Prince) mat op Diddeleng brengt! An den Dag virdrun hunn eis Dammen eng exzellent 2. Plaz beluecht… Mega-Resultat vun eisen zwou Ekippen!! De […]
Ënn Mee waren zwee vun eisen Athlete mat der National Ekipp ob den European Challenger Championships zu Monaco. D’Noémie ass mat 50m17 am Speer dat 4t ginn an d’Fanny dat 6t ob der 1500m an 4:32.46. Hei sinn d’Resultater vun deem Meeting. Eng Woch drop war dann den éischte wichtege Rendez-vous fir d’Ekippe Klassement zu […]
De leschte Mount sinn eis Laangstrecke Leefer bal all Weekend ob Coursë gestart an hunn eng Rei gutt Resultater: 9.5 Mondorf Run 12.5 Lampertsbierger Laf 17.5 Pliezhausen – d’Fanny leeft PB a neie Klubrekord ob der 3000m an 10:02,55 25.5 Low point Run 6.6 Berdorfer Laf – de Kevin huet d’13km gewonnen! 7.6 Tëtelbierg Trail […]
Och dëst Joer war den CAD erëm beim Interclub vun den Diddelenger Veräiner dobäi. No enger Paus am leschte Joer an dräi Victoiren an de Jore virdrun, war d’Missioun kloer: Titelverdeedegung – dës Kéier mat enger neier, jonker Equipe. Um Enn ass eng super zweet Plaz erausgesprongen. Gléckwonsch dem Klenge Stemmveräin fir hiren Erfolleg – […]
Aktuell ass et roueg gi Weekends an de Liichtathletik Stadien – et ass eng Meeting Paus virum Interclub vun de Senioren, deen de 6 a 7 Juni zu Ettelbréck ausgedroe gëtt. An der Woch trainéieren eis Athleten awer fläisseg fir sech do an hirer beschter Form ze präsentéieren. Hei fannt dir den Zäitplang. Virum Interclub […]
Staffelchampionnat Jugendheckechampionnat Challenge Tageblatt 3 + Prix U16 Datum: 08.05.2026 18:30 – 20:30 an 09.05.2026 12:45 – 17:00 Uert: INS Stadion, Cents SELTEC LA-Portal (Startlëschten a Resultater): Championnats nationaux de relais Championnats nationaux haies Jeunes LA.net 3 Umeldungen: Championnats nationaux de relais (zou) Championnats nationaux haies Jeunes (zou) Challenge Tageblatt 3 + Prix U16 (zou) […]
Werfermeeting Datum: 02.05.2026 14:00 Uert: Werferterrain, Zoufftgen LA.net 3 Umeldungen: https://lanet3.lu/NewRegisterDetails/false/13757 Kuckt Iech hei de Programm vum Meeting an d’Aschreiwungen um LA Portal vu Seltec un. Kuckt Iech hei d’Resultater vum Meeting un.
Club Sponsors




